Um Mëttwoch de Moie koum d'Nouvelle, dass de Petz Hartert am Alter vun 53 Joer en Dënschdeg den Owend bei engem Autosaccident gestuerwen ass.

De Lëtzebuerger Museker, dee Klarinett, Piano, Keyboard an och Accordéon gespillt huet, gouf mat senger Premiere op der Musekssektioun scho fréi e gefrote Museker. Bei de Gruppen Atmosphere a Parc Cafe mam Gast Waltzing, bei den Challengers, Opus78 a Kontinent.

Ma och bei Jazz-Banden wéi "Art Scènix"-Jazz Quintett a Saxy Four. Laang Joren hat hie bei de Linster Studioe geschafft a war och zanter Joren en treie Museker op de Walfer Bicherdeeg.

Der Fra vum Petz Hartert op dëser Plaz eist opriichtegt Bäileed.