Ee Mount no sengem Brudder, Malcolm Young vun AC/DC ass dout

Op der aktueller Tour war de Malcom Young net méi dobäi. Hei eng Foto vun der Tour, wou een de jonke Brudder Angus Young gesäit. / © AFP Archivbild
De legendären australesche Gittarist a Matgrënner vun der Rockband AC/DC, Malcolm Young, ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen.
De laangjärege Rhythmusgittarist war viru 3 Joer schwéier krank ginn an huet doropshin d'Band verlooss. Hie gouf vu sengem Neveu Stevie ersat.
Wéi et heescht, wier de Museker e Samschdeg friddlech am Krees vu senger Famill verscheet.

De Malcom Young (l.) zesumme mat sengem Brudder Angus / © AFP
Knapp e Mount virdrun, den 23. Oktober, war et d'Nouvelle vum Dout vum eelste Brudder, dem George Young. Hie war 70 Joer al ginn.