De Concert vu Milky Chance, en Donneschdeg den Owend an der Rockhal, huet missen nom zweete Lidd ënnerbrach ginn.

De Sänger Clemens Rehbein hat op eemol keng Stëmm méi. D'Band huet kuerz drop annoncéiert, dass et en neien Datum géif ginn. Och d'Organisateure vun der Rockhal hu confirméiert, dass um Freideg nach en offizielle Communiqué erausgeet, fir den neien Datum z'annoncéieren.

Falls de Concert ganz ofgesot géif ginn, géifen d'Leit natierlech rembourséiert ginn.