D’Natasha Tsakos huet den Theater nei erfonnt. Hir “Technoformances” geheien Technologie a Performance an een Dëppen.

Ongewéinlech Verrenkungen a Grimassen. Zerrappte Kleeder. Schockéierend Biller am Hannergrond. Déi Schwäizer Kënschtlerin Natasha Tsakos wëll mat éischter onkonventionelle Methoden op de Klimawandel opmierksam maachen. D'lescht Woch war si mat hirer Show “Climax” um Luxembourg Sustainability Forum, an huet do all Blécker op sech gezunn.

"Et ass d'Notze vu verschidden Technologien, déi dann op der Bühn ugewannt ginn, fir nei Theaterformen ze kreéieren. Dat ass Theater fir mech!", seet d'Kënschtlerin, "D'Notze vu Multimedia, d'Projezéieren... all déi verschidde Techniken, déi op der Bühn kënnen ugewannt ginn, ass d'Ausdenke vun engem neien Theatergenre fir aktuell a zukünfteg Generatiounen."

D’Natasha war den Opening-Act. Hei hu si iwwert Nohaltegkeet diskutéiert a wollten op wichteg ekologesch a sozial Problemer opmierksam maachen. Dat wollt och d’Natasha mat hirer Show “Climax”.

"De Klimawandel ass reell a mir mussen en uschwätzen. Et gëtt wierklech Zäit, dass mir erwächen. D'Technologien erméiglechen eis et, Léisungen ze fannen, fir aus der Sprit- a Kuel-Ärea erauszekommen an där mir gefaange sinn," erkläert si. 
   
Fir d‘Kënschtlerin sinn erneierbar Energien an d‘Digitaliséierung de Schlëssel, fir eng nohalteg Zukunft. Mä och d‘Astellung vun de Mënschen muss passen.

"D'Fokusséieren op dat wat mir kënne maachen, ass déi wierklech wichteg Saach. Et ass wichteg, dass mir d'Kraaft fannen, fir dat ze fannen, wouranner mir gutt sinn an eppes Guddes dorausser maachen," mengt si.
   
Dem Natasha no läit d’Zukunft an eiser Hand. Am Mënsch géif vill Potential stiechen. An d’Kënschtler kéinten eis mat sou Aktioune waakreg rëselen. Eis op Problemer opmierksam maachen an eis zum Handelen beweegen.