Säi gréissten Hit missten déi meescht kennen: De Sänger vun Lidd "I can see clearly now" ass am Alter vun 81 Joer gestuerwen.

Den jamaikanesche Sänger vu Lidder wéi "I can see clearly now" an "You can get it if you really want" ass am Alter vun 81 Joer gestuerwen. Dat deelt seng Fra op Instagram mat. Deemno hätt hien eng Longenentzündung net iwwerlieft.

"Mat déiwer Trauer deelen ech mat, datt mäi Mann Jimmy Cliff wéinst engem Kramp an enger Longenentzündung an der Suite gestuerwen ass. Ech sinn dankbar fir seng Famill, Frënn, Kënschtlerkolleegen a Mataarbechter, déi säi Wee mat him gaange sinn. Un all seng Fans op der ganzer Welt: Wgl sidd iech bewosst, datt är Ënnerstëtzung wärend senger ganzer Karriär seng Stäerkt war... Jimmy, mäi Libling, dass de a Fridde rous. Ech wäert denge Wënsch nogoen." 
De Post gouf och vun hire Kanner Lilty an Akten ënnerschriwwen.

Mat Lidder wéi "You can get it if you really want", "I can see clearly now" a "Wonderful World, Beautiful People" ass den Jimmy Cliff weltbekannt ginn. Seng Haaptroll am Krimi "The Harder They Come" aus dem Joer 1972 gouf och gefeiert an de Film gëllt als Meilesteen vum jamaikanesche Kino.

Nieft dem Bob Marley an anere wéinege Museker, gouf hie mam jamaikaneschen Ordre national du Mérite ausgezeechent.