D'Militärmusek huet hire fréieren Dirigent André Reichling e Mëttwoch den Owend mat der Nato-Hymn als éischt Stéck vum Concert iwwerrascht.

Am Conservatoire war e Mëttwoch den Owend de Concert de bienfaisance vun der Militärmusek. Zanter 30 Joer ass deen ëmmer de leschte Mëttwoch am Januar. Um Mëttwoch gouf et hei ee ganz besonnesche Moment. An zwar fir de fréieren Dirigent vun der Militärmusek, den André Reichling.

VIDEO: Concert de bienfaisance vun der Militärmusek
D'Militärmusek huet hire fréieren Dirigent André Reichling e Mëttwoch den Owend mat der Nato-Hymn als éischt Stéck vum Concert iwwerrascht.

Hannert der Bühn vum Auditorium am Conservatoire gouf sech kuerz virum Concert nach waarm gespillt. Déi leschte Kéier nach e puer Saache geprouft fir dass um Concert och näischt schif geet.

Ma net nëmmen d’Militärmuseker souzen e Mëttwoch den Owend hei, mat dobäi ware wéi all Joer op deem Concert e puer Stagiären.

Ma net nëmmen d’Stagiäre waren e Mëttwoch den Owend wichteg Personnagen. Eng Persoun aus dem Public sollt eng ganz besonnesch Iwwerraschung kréien.

1989 huet d’Nato hire 40. Anniversaire gefeiert. Den André Reichling hat duerfir e Stéck geschriwwen. Dës Hymn ass ëmmer erëm op Réunioune vun der Nato gespillt ginn. Ma virun zwou Wochen ass decidéiert ginn, dass d’Stéck vun elo un déi offiziell Nato-Hymn ass. Dëst Stéck huet keen Text an ass fir 20 Instrumenter ugeluecht.

RTL

Fir dem ale Chef vun der Militärmusek eng Freed ze maachen, hu si d’Hymn als éischt Stéck vum Owend gespillt. Ouni datt hien et wousst. Den neie Chef war ganz gespaant wéi säi Virgänger drop reagéiere géif.

Den André Reichling war vun der Nato-Hymn a vum ganze Concert begeeschtert. Och dem Public huet et ganz gutt gefall.

Hei kann een d'Hymn lauschteren
RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg