D'Pussy Riot spillen an der Kulturfabrik zu Esch
Virun hirem Optrëtt stoungen déi russesch Aktivisten virun der Kamera vun eise Kollege vum Magazin fir en exklusiven Interview.
D'Feministinne wäerten de «Pussy Riot Theatre» presentéieren, eng Punk-Rock-Performance, an där d'Band hir Geschicht an hir Skandlaer erzielt. D'Performance baséiert op d'Buch «Days of Insurrection» vum Maria Alyokhina, Member vun de Pussy Riot.
Déi 3 Frae si virun allem bekannt, well se 2012 an enger Kathedral e sougenannt Punkgebiet géint den deemolege Premier Wladimir Putin presentéiert haten.
Si goufen zu zwee Joer an engem Aarbechtslager veruerteelt, waren awer 2013 fréizäiteg erauskomm, well de Putin se begnodegt hat.
Op hirer Mini-Tour ausserhalb vu Russland fannen et d'Aktivistinne ganz interessant, wéi hire Message beim Public ukënnt an ugeholl gëtt. Op d'Walen a Russland ugeschwat, seet d'Maria Alyokhina, datt dëst keng Wale sinn, mä e Fake ass. Dowéinst géif d'Resultat och kee verwonneren. Dogéint ginn et ëmmer erëm aner Iwwerraschungen a Russland, dat duerch politesch Kriminalitéit a politesche Morden.
Wa si eppes kéinten a Russland änneren, wéilte si, datt d'Leit keng Angscht méi missten hunn an dat maache kënnen, wat si wëllen. Hire Message op der Bühn, iwwregens gutt Musek, wéi si soen, ass universell an net nëmmen op Russland bezunn. D'Leit solle fir wichteg Verännerungen antrieden a kämpfen. All Verännerung fänkt bei all de Leit u. Well jiddereen huet d'Méiglechkeet, sech entweder op d'Säit vun de Problemer ze stellen, oder eppes géint dës ze maachen.

Hir Musek bezeechne si als "politesch Konscht" an dowéinst ass déi och ëmmer mat der Politik verbonnen. Et ginn esou vill Weeër, iwwer Plakater, Musek oder Kino, fir déi politesch Vue ze verbreeden, mä dobäi dierf een net vergiessen, datt een domadder Leit uschwätzt.