Neil Diamond u Parkinson erkrankt

© AFP/Archiv/Frederic J. Brown
Nodeems beim Sänger Parkinson diagnostizéiert ginn ass, ass seng Welttournée ofgesot ginn.
Hie wéilt awer nach "laang Zäit schreiwen, Musek ophuelen an an anere Projeten aktiv sinn", erkläert de Museker, deen um Mëttwoch 77 Joer kritt, um Méindeg.
No Conseilen vu sengem Dokter huet den Diamond seng Concerten an Australien an Neiséiland ofgesot, déi en am Encadrement vu senger Welttournée zu sengem 50-jäeregen Kënschtlerjubiläum gi wollt.
D'Entscheedung net méi op Tour ze goen, gëtt de Sänger mat "groussem Widderwëllen a grousser Enttäuschung" bekannt. Mat Schmusesongs wéi "Sweet Caroline" an "Girl, You'll Be a Woman Soon" ass hie weltbekannt ginn.
Et wier him eng Éier gewiescht, 50 Joer laang virum Pubique opzetrieden.
A senger Carrière huet e scho 5 Präisser gewonnen, dorënner de Golden Globe Award fir beschten Filmsong "Love on the Rocks" am Film "The Jazz Singer" 1981 an 1974 e Grammy Award fir beschte komponéierte Soundtrack fir visuell Medien "Jonathan Livingston Seagull".
Um Sonndeg gëtt den Diamond bei de Grammys fir säi Liewenswierk geéiert.