Lena huet d'Roll vum Anna: Interview virum Optrëtt
E Samschdeg ass et esouwäit, datt dierf d'Lena de Part vum klengen Anna sangen, datt an der Rockhal am Kader vun "Disney in Concert".
Et ass den erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäiten: "Frozen" oder "Die Eisköniging". A genee déi Eiskönigin kënnt e Samschdeg an d'Rockhal. Ënnert dem Motto „Disney in Concert“ kann een de Film mat Live-Musek genéissen. Vun engem professionelle Film-Orchester an engem grousse Chouer.
An deem Kader gouf hei am Land no engem Meedche gesicht, dat d’Roll vum klengen Anna spille kéint, der Äiskinnigin hir Schwëster. 200 Kanner waren deemools op de Casting komm. A ënner all deenen gouf d’Lena erausgesicht. Hatt dierf also e Samschdeg live op der grousser Bühn sangen. Dat jonkt Meedchen huet als Dänzerin och scho Bühnenerfahrung. Ma an der Rockhal mat engem Live-Orchester sangen,dat dierft awer eng ganz nei Erfahrung fir et ginn.