Op Twitter huet d'Rockband "The Killers" matgedeelt, datt si den Owend net kënnen an der Rockhal spillen.

Wéi et am Tweet heescht, krut de Sänger Brandon Flowers vun den dokteren recommandéiert, seng Stëmmbänner ze schounen. Hie géif dat haassen, mä de Concert den Owend hei zu Lëtzebuerg misst d'Band leider ofsoen.

Wéi d'Organisateuren vum Atelier en Donneschdeg de Moien matgedeelt hunn, kommen "The Killers" am Summer op Lëtzebeurg. De 26. Juli sti si op der Bühn an der Escher Rockhal. Déi aktuell Tickete bleiwe valabel.

We are very glad to let you know that we were able to set a new date for today’s postponed THE KILLERS show!!

The performance, initially scheduled to take place March 1st, is being postponed to July 26th.

All tickets bought remain valid for the new date.

The band was indeed constrained to postpone today’s show, due to health issues.
Below the statement of the band:
“Hate doing this. Doctors orders...risking a sprained throat box, we’ve had to postpone Luxembourg.”

Et ass net fir d'éischt, dass d'Band e Concert hei am Land ofseet. 2013 gouf esou schonn e Concert verréckelt, och wéinst gesondheetleche Grënn.