2014 war de Lenny Kravitz fir d'éischt hei zu Lëtzebuerg, den 23. Juli kënnt hien elo nees zeréck op d'Bühn an der Escher Rockhal.

Am Kader vu senger "Raise Vibration"-Tour féiert dem Lenny Kravitz säi Wee och duerch de Grand-Duché. Mat am Gepäck den neien Album, dee schonn an de Startlächer steet an d'Fans mat vill Virfreed erwaarden.

D'Tickete gi schonn e Freideg de Moien um 9 Auer an d'Vente a wäerte ganz sécher relativ séier fort sinn.

RTL