Fir den 10. Anniversaire hu si sech eppes Spezielles afale gelooss. De Läb stinn zesumme mat engem Orchester op der Bühn.

Si sinn déi erfollegräichst Hip-Hop-Band zu Lëtzebuerg a féieren dëse Freideg hiren 10. Anniversaire zu Esch an der Rockhal, riets ass vun „De Läb“, déi sech fir dës Geleeënheet eppes spezielles ausgeduecht hunn an net eleng op der Bühn stoe wäerten. D’Claudia Kollwelter huet déi 2 Minetter an engem Plackebuttek zu Esch getraff fir iwwert „De Läb Orchästra“ ze schwätzen an mat hinnen zréck op hir Carrière ze kucken.

RTL

Ugefaangen huet de Projet op engem Hip-Hop-Concert zu Tréier, wou déi zwee Museker sech besser kenne geléiert hunn. Iwwer Jam-Sessiouns am Keller koum dunn 2006 d'Decisioun, fir Neel mat Käpp ze maachen. An esou ass de Projet "De Läb" entstanen. D'Iddi vum "De Läb Orchästra" koum 2011, wéi den Duo fir d'Fête de la Musique 2 Lidder mat engem Orchester gespillt huet. Et soll e Best-Of vun hire Lidder ginn, awer och kleng Surprisen a Special-Guest sinn dobäi.

RTL

An Zukunft wëllen déi zwee Museker op alle Fall weider Musek maachen, mä mat manner Drock a mat manner Stress.