CD-Realease-Party vun Tuys an der Rockhal
Si sinn aktuell op Däitschland-Tour, ma fir hir Realease-Party ass Tuys fir ee Concert zeréck op Lëtzebuerg komm.
"Swimming Youth" heescht hir nei CD, déi e Samschdeg offiziell presentéiert gouf. Ma fir d'Realease-Party war Tuys awer net eleng an d'Rockhal komm. Si goufe vun de Lëtzebuerger-Band "The Kooters" a vun "The Eternal Spirit" aus Däitschland ënnerstëtzt.
Lëtzebuerger Museker ginn an Däitschland op Tournée

Virun hirem éischten Optrëtt vun hirer Tour waren d'Jonge vun Tuys als Invitéë vum Morgenmagazin am ZDF. Do huet hire Gittarist Tun Biever dem mo:ma-Moderator e Lëtzebuerger Saz bäibruecht: "Mir ginn nach laang net heem". De Moderator Mitri Sirin war iwwerrascht: "Wir gehen noch lange nicht nach Hause. [...] Ich dachte, das ist so schwiereg, dass ich es nicht hinbekomme."
Dono huet den Tun Biever, deen och op den Ursprong vu sengem Virnumm ugeschwat gouf, erkläert, datt si véier, wéi si 10 Joer al waren, d'Band gegrënnt hunn. Lues a lues gouf aus der Schülerband eng Band, déi och an Europa op Tour ka goen. Déi Tour huet dann och e Mëttwoch, also de selwechten Dag, wéi si Invitéen am Morgenmagazin waren, ugefaangen, dat mat owes hirem éischte Concert zu Leipzig.
Weider Informatiounen iwwer d'Band, hir Tourdaten an hir CD fannt der op tuys.lu oder op hirem Facebook.