Digital Musek
Spotify ass vun en Dënschdeg un op der Bourse

Daniel Ek
Déi weltwäit gréisste Plattform fir digital Musek wëll Aktien am Wäert vu bis zu enger Milliard Dollar an Ëmlaf bréngen.
Allerdéngs wëll de schwedesche Konzern Spotify am Kader vun enger aussergewéinlecher Prozedur keng nei Aktien verkafen, mä nëmme Parten déi schonn existéieren, an den Handel bréngen. Dee Moment si keng Tëschenhändler mat am Spill. Dat spuert engersäits Käschten, anerersäits kommen awer och keng nei Suen eran. Spotify huet eegenen Donnéeën no 71 Milliounen Abonnenten. De Konzern aus Schweden ass den ongeschloene Leader am Streame vum Musek.
Am meeschte gelies