Elina Duni zu Maarnech am Cube521
D’Elina Duni ass eng albanesch Sängerin, déi mat 12 Joer aus Albanien mat hiren Elteren an d’Schwäiz geflücht ass.
Si huet Vollekslidder aus dem Balkan an hirem Repertoire a si verbënnt déi Melodie mat Elementer aus dem Jazz. Hir waarm Stëmm gëtt hire Lidder eng eenzegaarteg melancholesch Stëmmung, déi gläichzäiteg positiv ass. Mir waren zu Maarnech am Cube521 um Concert an hu versicht, méi iwwert d'Elina Duni gewuer ze ginn.
D'Elina Duni kënnt vu wäit hier an huet sech a ville Kulturen op de Stull gesat. Si wandelt tëschent Vollekslidder am Balkan hin an hier, eng Géigend wou d'Kulture friddlech sinn, d'Mënschen ënnerteneen awer net ëmmer.
Léift an Trennunge komme vir am Elina Duni senge Lidder an Fraen hunn d'Wuert. Eng Fra, där hire Léifsten an den Exil goung an net erëm kënnt. Ee Meedchen, wat säi Papp vermësst, deen am Krich ass.
Duerch d'Volleksmusek bréngen d'Elina Duni an hir Museker den Jazz bei d'Mënschen, déi nach ni en Zougang dozou haten. "Ass et net verréckt, dass eng Jazzband aus der Schwäiz komme muss, fir dass d'Leit an Albanien hir Vollekslidder nei entdecken?" – seet d'Elina Duni.
Eenzegt Lidd op franséisch am Concert: "On s'est aimé le temps d'une chanson"