D'Fête de la musique dauert quasi eng ganz Woch uechtert d'ganzt Land. D'Musek gëtt eng Woch laang gefeiert zu Lëtzebuerg.

Klickt op d'Foto, fir bei d'Biller vum Jang Gaspar ze kommen. / © Jang Gaspar

Eng Traditioun, déi op eng international Initiativ zeréckgeet. De franséische Kulturminister Jack Lang hat eng Iddi vum amerikanesche Museker Joel Cohen opgegraff, deen 1976 fir France Musique, wou e geschafft huet, déi sougenannte Saturnales de la Musique lancéiert hat, wou Museker sollte live spillen an dann op zwee Deeg am Joer, den 21. Juni an den 21. Dezember, dee längsten an de kierzten Dag vum Joer. 1982 ass ënnert dem Impuls vum Jack Lang en nationaalt Fest a Frankräich ginn. Haut maache weltwäit iwwer 120 Länner mat, natierlech och Lëtzebuerg. Diddeleng hat sech als éischt lancéiert.

Um Freideg de Moie war d'Ouverture vun der Fête de la Musique an der Stad, um Owend gouf et du Musek op ganz ville Plazen.

Mä matgemaach gëtt am ganze Land mat nationalen an internationalen Acts aus de verschiddenste Genrë mat iwwer 4000 Concerten.