De Singer-Songwriter Joris am RTL-Interview
No enger Zäit am Studio ass en elo erëm op Festival-Tour. An den Optakt dovunner huet hien de Weekend zu Diddeleng op der Fete de la musique gemaach.
De Joris Buchholtz gouf 1989 zu Stuhr Brinkum bei Bremen gebuer. Schonn am Alter vu 5 Joer huet hien net nëmme Musek gemaach, mä och scho seng eege Lidder komponéiert. Seng éischt Erfahrungen huet hien als Perkussionist an enger Schoul-Band gesammelt. No sengem éischten Album "Hoffnungslos Hoffnungsvoll" huet hien net laang op sech waarde gelooss a presentéiert elo no enger klenger Paus säin neien Album "Schrei es raus". Esouwuel den Titel vum neien Album, ewéi och seng perséinlech Messagen an de Lidder, béides ass dem Nowuess-Kënschtler wichteg a läit him um Häerz.
De Joris ass mëttlerweil ee vun de beléifste Singer-Songwriter an Däitschland an och hei am Land huet de Joris ganz vill Fans. No enger Zäit am Studio ass hien elo erëm op Festival-Tour. An den Optakt dovunner huet hien de Weekend zu Diddeleng op der Fête de la Musique gemaach.
Zu Diddeleng op der Fête de la Musique wor et souzesoen eng Premiere, fir de Song "Signal" eng éischte Kéier op enger Bühn ze presentéieren.
2 Joer virdru stoung de Joris schonn zu Diddeleng op der Fête de la Musique op der Bühn, deemools hat hie schonn e gudden Androck hannerlooss.
Gutt gelaunt huet hie sech dëst Joer viru sengem Optrëtt Zäit geholl, fir mat ons iwwert seng nei Tour ze schwätzen. Am Interview erzielt hien ons och firwat et him wichteg ass, mat senge Lidder och Messagen z'iwwermëttelen a wéi et fir hien ass, fir och baussent de
Grenzen erfollegräich ze sinn.
E Samschdeg war déi 25. Editioun vun der Fête de la Musique zu Diddeleng. Nieft dem Concert vum Joris, gouf et nach eng sëlleche Concerten. De Jang Gaspar war mam Fotoapparat derbäi.
9 Concerten huet hien do geknipst:
"Elysian Gates" op der Why Not Stage,
"Maz" op der Planet Stage,
"Antiheld" op der Main Stage,
"Ezio" op der Planet Stage,
"Port Cities" op der Main Stage,
"Lotte" op der Planet Stage,
"Joris" op der Main Stage,
"Giant Rooks" op der Planet Stage,
an "Tuys" op der Main Stage

© Jang Gaspar