D’lescht Woch war den däitsche Sänger Max Giesinger hei am Land. Bekannt ass hien ënner anerem duerch Lidder wéi "Und wenn sie tanzt" oder "80 Millionen".

Et vergeet den Ament bal keen Dag wou net en internationalen Kënschtler zu Lëtzebuerg Statioun mécht. Egal op Rockhal, Atelier oder Fête de la musique. D’Concerts-Saison schéngt um Héichpunkt ze sinn.

D’lescht Woch war den däitsche Sänger Max Giesinger hei am Land. Bekannt ass hien ënner anerem duerch Lidder wéi "Und wenn sie tanzt" oder "80 Millionen".

An obwuel den däitsche Kënschtler eréischt fir d’zweet hei am Land war, schéngt hie sech zu engem richtege Lëtzebuerg-Fan ze entwéckelen, wéi hien dem Loïc Juchem am Interview sot.

En Interview, dee genau esou locker ofgelaf ass, wéi de ganzen Optrëtt an der Rockhal.

De Max Giesinger am Interview