Nodeems de Concert 2 Mol huet misse verréckelt ginn, well d'Sängerin Problemer mat de Stëmmbänner hat, war d'Shakira en Dënschdeg den Owend an der Rockhal.

Virun iwwer 5.000 Fans huet d'Shakira bewisen, dass hir Stëmm nees voll a ganz do ass. An d'Stëmmung war net nëmmen duerch de berühmten Hëftschwong vun der kolumbianescher Sängerin esou "hot", ma och duerch de ganze Spektakel, deen d'Visiteure gebuede kruten: Konfetti, Kanouneschëss, Flamen an esouguer e Freedefeier. Mat 5 groussen ecranen dierft och dee Leschten an der Rei näischt verpasst hunn.

Fir en extra Highlight huet d'Shakira natierlech gesuergt, wéi si sech kuerz ënnert d'Leit gemëscht huet an do e puer Fans häerzlech ëmäermelt huet.

Et war den éischten Optrëtt vun der 41 Joer aler Sängerin hei am Land an eng gutt Geleeënheet, den aktuellen Album "El Dorado" virzestellen, deen a 37 Länner op d'Plaz 1 vun den iTunes-Charts war. Bis elo gouf den Album 5 Mol mat Platinn ausgezeechent. D'Singel Chantaje ass de fënneft séierste Video, deen iwwer 1 Milliard Klicken am Internet kritt huet.

Ma och dem Shakira seng Klassiker wéi Whenever, Wherever a Perro Fiel ware bei de Fans méi wéi wëllkomm an hunn d'Hal un d'Wackele bruecht. Den Extra-Bonbon zum Schluss vun der hëtzeger Show koum du mat La La La, dem WM-Lidd fir Brasilien am Joer 2014, an nach Waka Waka, der offizieller Hymne fir d'Futtball-WM 2010.