De Sänger huet am Virfeld vu sengem Concert 2 Schoulklassen agelueden a mat de Jonker iwwer säi schwéiere Parcours an d'Poesie geschwat.

"Slam" ass eng modern Manéier, Poesie virzedroen. Dacks ouni Musek ginn hei Texter geschwat, déi vum Alldag erzielen. De franséische Kënschtler Grand Corps Malade zielt zu de Bekanntsten an dëser Musek. En Donneschdeg den Owend huet de gebiertege Fransous fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg e Concert ginn.
Bei bal all Concert, wou de Grand Corps Malade gëtt, wëll en am Virfeld Mënschen treffen, mat deenen hie sech austausche kann, sief et Patienten aus der Rehaklinik oder nach jonk Schüler. Och en Donneschdeg huet hien 2 Klassen agelueden, fir mat hinnen iwwer säi schwéiere Parcours an d'Poesie ze schwätzen.

D'Jenny Fischbach huet hie getraff.