Yadson bréngt säi Pop-Rap-Song "Summer" eraus
Den 20 Joer jonke Kënschtler Yadson huet mat sengem Lidd "Summer" een neie Song erausbruecht.
De jonke Museker aus Lëtzebuerg séngt a sengem Lidd, wéi den Titel et scho verréit iwwert de Summer a léist dobäi einfach d'Gefill no Summer, Sonn a Strand aus.
D'Lidd gouf produzéiert vum Jimmy Braun, deen och bekannt ass als Sänger vun der Indie-Band Austinn. Hien huet och d'Lidd "Fake Cake" vum Krick produzéiert.
De Yadson schreift schonns zanter Jore seng eege Lidder an inspiréiert sech dobäi och u sengen eegenen Originnen a kann dovun e puer Geschichten zielen, de jonke Kënschtler ass nämlech am Tschad als Weesekand opgewuess.
"Mat der Musek kann ech ausdrécken, wat mir op der Séil läit an dat kann ech och a mengen Texter ausdrécken.", esou de Yadson. A senge Lidder inspiréiert hie sech vill u sengen Idoler, dem Kanye West, dem Jay-Z an XXXTentacion. Fir hien ass et och wichteg, dass Musek verbënnt: "Musek ass ewéi mäin Tagebuch, ech wëll mat menge Lidder mat de Leit a Kontakt trieden an eng trei Community opbauen."
Weider Informatiounen iwwert de Yadson fannt Dir op senger Facebook-Säit an op sengem Instagram-Profil. Op sengem Youtube-Account fannt Dir och nach weider Lidder vun him.
