Zanter zwee Joer schonn wëll een um Rock um Knuedler mat Lëtzebuerger Bands zesummeschaffen.

23 Lëtzebuerger Bands hunn dëse Weekend an der Stad fir gutt Stëmmung gesuergt. Fir d’Museker en Challenge, well si sech op der Bühn ëm munches selwer këmmere mussen. A vir verschiddener war et och den éischte groussen Optrëtt an hirer Carrière. De Max Weireg a Max Hesse waren fir eis Backstage beim Rock um Knuedler.