Aus dem ganze Land an der Groussregioun sinn d'Leit e Samschdeg den Owend nees an d'Stad komm, fir sech déi sëllech gratis Concerten unzekucken.

Am Gronn, a Clausen an am Pafendall konnt ee sech e Samschdeg den Owend nees esou richteg musikalesch verwinne loossen. All Joer gëtt dëst Museksevenement vum LCTO, an Zesummenaarbecht matt der Stad Lëtzebuerg an dem Blues Club organiséiert.

Blues'n Jazz Rallye 2018
Aus dem ganze Land an der Groussregioun sinn d'Leit e Samschdeg den Owend nees an d'Stad komm, fir sech déi sëllech gratis Concerten unzekucken.

De Blues'n Jazz Rallye ass mëttlerweil scho fir vill Leit e feste Rendez-vous hei am Land ginn an och internationalen Niveau scho laang net méi onbekannt.

RTL

© Jang Gaspar

Am Ganze stounge 89 Concerten um Programm an dat op enge sëllechen Open Air Bühnen a Caféen. Esou villsäiteg wéi de Public waren dann och d'Bands an d'Ensemblen, déi aus der ganzer Welt ugereest sinn fir hei ze spillen, wéi zum Beispill de Fred Wesley, Jazzanova, Low Society oder och SoulReturn. Op Lëtzeburger Plang waren awer och vill Museker vertrueden, ënnert anerem den Erni Hammes, Maxime Bender oder d'Band Sneaky Pete.