Rockband U2 si bescht bezuelte Museker weltwäit

Den US-Museksmagasinn verëffentlecht d'Ranglëscht vun 2017 mat de bescht bezuelte Museker op der Welt. Hei sinn d'Rocker vun U2 op der éischter Plaz
D'Kënschtler vu U2 si villäicht net méi déi ugesootste Museker, ma si verdéngen awer nach ëmmer enorm gutt. 54,5 Milliounen Dollar ass d'Akommes vun der Band am Joer 2017. Dovu si 95 Prozent duerch hier Tournee agefloss.
Kuerz hannendru mat engem Verdéngscht vun 52,2 Milliounen Dollar placéiert sech op der zweeter Plaz de Country-Star Garth Brooks, dee schonn zanter 2014 op Tour ass.
Op der drëtter Plaz ass d'Heavy-Metal-Band Metallica mat 43,2 Milliounen Dollar, an déi beschtplacéiert Fra ass d'Lady Gaga op der sechster Plaz.
De Magasinn "Billboard" hieft ervir, datt Concertstournéeë mëttlerweil bei wäitem déi wichtegst Akommesquell vu Museker sinn. Bei der top 50 vun de bescht verdéngte Museker sinn 80 Prozent vum Akommes duerch d'Tournéeën. Mat Ausnam vun zwee Museker. De Rapper Drake huet am meeschte mat Hëllef vu Streamingdéngschter verdéngt an lant mat 8,6 Milliounen Dollar op der 37. Plaz. Och d'Pop-Sängerin Taylor Swift huet haaptsächlech duerch de Verkaf vun CD'en an Downloads d'Plaz 48 vun der "Billboard-Ranglëscht" beluecht.