Wéi um Samschdeg de Moie bekannt gouf, ass eng Trauerzeremonie den 31. August an enger Kierch an der Soul-Queen hirer Heemechtsstad Detroit geplangt.

Dat huet der renomméierter Sängerin hir Agentin matgedeelt. Zwee Deeg virdrun gëtt d'Musekerin opgeboert.

An der selwechter Kierch gouf schonn 2005 déi afroamerikanesch Biergerrechtlerin Rosa Parks begruewen.

D'Aretha Franklin ass en Donneschdeg am Alter vu 76 Joer u Kriibs gestuerwen.

RTL