E flotten Owend um "Rock de Schleek" mat 10 Optrëtter fir den 10. Anniversaire.

"Rock de Schleek" ass e Lëtzebuerger Museksfestival, deen zanter 2009 existéiert. En ass all Joer op der Schliikeplaatz zu Meechtem am Kader vum Wäifest.

Newcomer-Bands a Lëtzebuerger Bands kruten nees hei eng Chance, hiert Kënnen ënner Beweis ze stellen

Dëst Joer mat derbäi:

Legacy of Atlas (LU), Deppegéisser (LU), De Pascal vu Wooltz (LU), The Velvet (LU), Edel Weis (LU), Tubadiesel (DE), Dead Sinners (LU), Encypher (DE) ), Scarlet Anger (LU) and Calypso's Call (LU).

RTL

Union des Jeunes Meechtem / © Jean Walté