Iechternach
Festival International fir Mandolinnen a Gittaren

De 25. a 26. August organiséiert de Musikensemble Divertimento de Festival fir Mandolinnen a Gittaren zu Iechternach.
Dobäi wäerten 20 Zupfensembelen aus 9 verschidde Länner (Belsch, Däitschland, Hong Kong, Frankräich, Litauen, Lëtzebuerg, Schwäiz, Tschechoslowakei, Venezuela) mat ronn 300 Museker ze gesi sinn.
Op véier verschidde Plazen zu Iechternach kann een 22 musikalesch Prestatioune gesinn: am Trifolion, an der Kierch St Peter a Paul, am Pavillon Rokoko an Dënzelt.
Den Entrée ass fräi.
All weider Informatioune um fënnt een um Site www.divertimento.lu.
Am meeschte gelies