Marta Kubišová, Heldin vum Prager Fréijoer 1968
Viru 50 Joer war et also eriwwer dermat, eriwwer mat engem Sozialismus, dee mënschlech sollt sinn ...
Well de Grousse Brudder vu Moskau wollt dat net an déi kleng Bridder aus de Nopeschlänner hu matgemaach, d'Tschechoslowakei ze besetzen. An der Nuecht op en Dënschdeg viru 50 Joer huet d'Enn vum Prager Fréijoer 1968 ugefaangen.
Panzeren a Fligeren an eng hallef Millioun zimlech desorientéiert jonk Zaldote waren et déi d'Tschechoslowakei iwwerfall hunn. Et huet Moskau guer net an de Krom gepasst, wat Tschechen a Slowaken do wëlles haten. Sozialismus mat engem mënschleche Gesiicht gëtt dat zanterhier genannt. Liberal sollt e sinn, Pluralismus a Meenung- a Pressefräiheet sollt et ginn. Dat war net erwënscht, dowéinst d'Invasioun vu Sowjetunioun, Polen, Ungarn a Bulgarien.
Eng Ausstellung zu Prag fir un d'Invasioun ze erënneren
Zu Prag an Tschechien gëtt dëser Deeg an enger Ausstellung un déi brutal sowjetesch Invasioun vun 1968 erënnert. Zaldote vum Warschauer Pakt – aus der Sowjetunioun, aus Polen, aus der DDR, aus Bulgarien an Ungarn – haten deemools iwwer Nuecht d'Tschechoslowakei besat a si bis an d’Haaptstad Prag eragefuer.
An den éischten Deeg vun der Operatioun ware gutt 100 Mënschen ëm d’Liewe komm. D’Reformer vu Prag, d’Studenten an d’Intelligentsia, wollten dem Sozialismus ee méi mënschlecht Gesiicht ginn. De Alexander Dubcek, de Chef vun der kommunistescher Partei hat Reforme gewot, déi dem Leonid Brejnev an dem Kreml net méi gepasst hunn.
D’Ophiewe vun der Zensur, Versammlungsfräiheet, Gewerkschaftsrechter. Ugangs koume Verwarnunge vu Moskau, duerno d’Panzer. D’Parteizentral, d’Schlass mam Sëtz vum President Svoboda a Radio Prag goufe besat. De Radio gouf och ënnert dem sowjetesche Besatzer ni vun der Antenne geholl.
E Lidd, dat an d'Resistenz-Geschicht agaangen ass
Communiquéen, Radio-Rieden – an e Lidd hunn eng besonnesch Roll gespillt an de nächsten Deeg, viru 50 Joer.
Wien do séngt, dat ass d'Marta Kubišová, hiert Lidd ass als "Gebiet fir d'Marta" an d'Resistenz-Geschicht agaangen. Am däitschsproochege Prager Radio gouf erzielt, wéi d'Lidd entstanen ass.
Dat Lidd ass no a no esou richteg berühmt ginn, am Text geet et ëm Fridden am Land, datt den Haass sollt vergoen an datt d'Vollek erëm sollt Här a Meeschter am eegene Land sinn. D'Carrière vun der Sängerin war stënterlech eriwwer, op eng Manéier. Op déi aner Manéier war d'Marta ëmmer erëm op der Resistance-Säit, ass am Land bliwwen, gouf observéiert an diffaméiert, war Pressespriecherin bei der Charta 77 – dat wat 68 ugeluecht war, ass also weidergaangen.
De Radio iwwregens hat eng besonnesch Funktioun wärend der Besatzung. Well si hunn einfach net opgehalen mat senden, och net, wéi virun der Dier gekämpft ginn ass, wéi eng Dose Leit do gestuerwen sinn. An herno hu se aus engem geheime Studio am Radio-Gebai diffuséiert an méi spéit aus private Stoppen.
Gedéngt huet alles näischt. Den Alexander Dubcek an seng Reformkommuniste waren arrêtéiert ginn, goufe forcéiert e sougenannte Moskauer Traité ze ënnerschreiwen – an den Dubcek huet dat mat gebrachener Stëmm – alt erëm am Radio - missen annoncéieren.
D'Leit am Land hate sech gewiert, Stroosseschëlter verstallt, Weiche fir Militärzich verstallt, sech viru Panzer gestallt. D'Zuelen divergéieren, mä ronn 100 Leit sinn ëmkomm an och 50 Zaldoten aus den Invasiounslänner.
Gedéngt huet dat alles näischt, well d'Iddi vun demokratesche Sozialismus huet als Eurokommunismus weidergelieft an der Warschauer Pakt huet net iwwerlieft.
D'Marta Kubišová séngt um Dënschdeg den Owend zu Prag.