Funky Donkey Festival 2018

Fir d'fënnefte Kéier ass de Funky Donkey Festival zu Klierf. Den 8. September, um 12 Auer, geet et lass an dauert bis 3 Auer an der Nuecht.
Vun 12 Auer u kann een nieft verschiddene Concerten op zwou Bühnen och vun der grousser Offer vun Iess- a Maartstänn, ewéi och vun engem kannergerechten Encadrement profitéieren.
De Line-Up setzt sech aus 16 nationalen an internationale Bands zesummen a gëtt vum Mawyd (FR) a Los Dueños, déi d'Publikum mat hiren eegene Kompositioune am Reggae-Stil verzauberen, ugefouert. Dernieft suergen The Yorkel (FR) a La Fanfare Couche-Tard (FR) fir musikalesch Ofwiesslung.
Nieft weideren internationale Kënschtler, wéi Roast Apple (DE), Fainschmitz (AT), Le Garage (NL) a Ladies' Fantasies Club (BE), suergen och Lëtzebuerger Bands a Songwriter, wéi In The Atlas, All Reitz Reserved, S.K.O.R. a Mari fir déi verschiddenst Genre vu Musek. D'Ouverture vum Festival mécht d'Jugendmuseksgrupp Clarindo , e Museksensemble vun der lokaler Museksschoul.
Fir de gudden Zweck:
Den Erléis vum Festival geet un d'"Guiden a Scouten fir ENG Welt", déi ënnert anerem nohalteg Entwécklungs-Projeten am Senegal, am Niger an a Bolivien maachen. Lescht Joer konnt der Vereenegung eng Zomm vu 5.300€ iwwerwise ginn.
Informatiounen zum Festival:
Den Entrée am Virverkaf ass 10€, an der Oweskeess 15€. Fir Kanner ënnert 12 Joer ass den Entrée fir näischt. Tickete ginn et op www.funkydonkey.lu. Mam Auto kann een dohi fueren, awer och vum Zuch oder Late-Night Bus kann ee profitéieren.
De komplette Line-Up:
Mawyd (FR), Los Dueños, The Yorkel (FR), La Fanfare Couche-Tard (FR), S.K.O.R., Roast Apple (DE), Fainschmitz (AT), In The Atlas, All Reitz Reserved, Le Garage (NL), Bye Bye Bay, Scavenger's Lunch, Ladies' Fantasies Club (BE), Mari, Clarindo, DJ Blueprint.
Festival-Adress:
Parking Hall Polyvalent
22, Route d'Eselborn
L- 9706 Klierf
Weider Informatioune fannt Dir op www.funkydonkey.lu /www.facebook.com/FunkyDonkeyFestival