De Musical "Thriller-Live" kënnt den 30. Januar 2019 an d'Rockhal a mir hunn Tickete fir Iech.

D'Original vum Londoner West End kënnt den 30. Januar 2019 an d'Rockhal.

Thriller-Live: The Musical

THRILLER - LIVE zelebréiert d'Phänomen Michael Jackson an honoréiert mat enger grandioser Show seng gréissten Hits a seng onverwiesselbaren Danzstil. De Musical ass en Hommage un den Ausnahmekënschtler.
Erlieft vu ganz no bäi, wéi d'Sänger an d'Dänzer d'Ambiance vum Michael Jackson sengen Optrëtt a Videoen op d'Bühn bréngen.

De Musical dauert 145 Minutten an ass op Englesch.

RTL.lu hat Iech d'Geleeënheet ginn, fir gratis beim Musical mat derbäi ze sinn.

Den éischte Gewënner gouf den 3. September gezunn ... Et ass den Tommy K.!


Felicitatiounen!

Dit gitt an den nächsten Deeg vun eis kontaktéiert!

Um Mëttwoch hätt d'Pop-Legend 60 Joer kritt.

RTL

Schonn zanter senger Kandheet war de Michael Jackson am Musek-Business. Säi Papp, de Joseph Jackson, wollt onbedéngt aus senge Kanner erfollegräich Museker maachen a gouf dowéinst och hire Manager, ugefaange bei der Band „The Jackson Five“.

Jackson 5

Nodeems d'Band weltwäit Erfolleg hat, huet de Michael Jackson 1971 am Alter vun 13 Joer mat senger Solo-Karriär ugefaangen. Seng éischt 4 Alben hu sech méi oder manner gutt an Amerika verkaf. Säin éischte groussen Erfolleg als Solo-Kënschtler huet en eréischt mat sengem 5. Album: "Off the Wall". Den Album huet 4 Top 10 Hits, dovunner sinn der 2 op Nummer 1 gaangen.

off the wall

Dräi Joer drop koum da säi Rekord-Album: Thriller. Déi genee Verkafszuele kennt een net. Et schätzt een, dass den Album sech bis haut tëschent 65 an 110 Millioune mol verkaf huet an ass domadder de meeschtverkaaften Album op der ganzer Welt.
Passend zum Rekord-Album huet e bei enger Performance vum Lidd "Billie Jean", säi mëttlerweil weltberühmten Danz, de "Moonwalk", virgestallt. Dat ass awer net den eenzegen Danz, deen de Michael Jackson gepräägt huet.

Michael Jackson - Thriller

Um Album "Bad" huet e beim Video zu "Smooth Criminal" seng "Anti-Gravity-Illusion" virgestallt. Mat senge patentéierte Schong, hockt sech de Michael Jackson seng Féiss um Buedem fest, sou dass e sech méi wäit no fir leene kann, ouni ëmzefalen.

smooth

Den Erfolleg huet awer och seng negativ Säiten. Duerch den ëffentlechen Drock ass de Michael Jackson ofhängeg vun Tablette ginn. 18 Deeg viru senger leschter Tour ass en dann un enger Vergëftung duerch verschidde Berouegung- an Narkosmëttel ëmkomm. Mä kuerz virun a souguer no sengem Doud huet e weider Rekorder opgestallt. Mat 25 Weltrekorder ass de Michael Jackson am Guinessbuch vertrieden a gëllt doranner och als erfollegräichsten Entertainer aller Zäiten. Ënnert anerem huet en déi am schnellsten ausverkaaften Tour gehat, mat duerchschnëttlech 11 verkaaften Tickete pro Sekonn oder den deierste Musekvideo zum Lidd "Scream" mat senger Schwëster Janet Jackson.

De Michael Jackson war net ouni Grond en Ausnahmekënschtler.

De 25. Juni 2009 ass de King of Pop am Alter vu 50 Joer un engem Häerzstëllstand gestuerwen.