"Experience + Innocence" - Tour geet weider

Nodeems den U2-Sänger um Samschdeg wärend dem Concert huet missen de Rescht vun der Show ofsoen, koum um Sonnden d'Nouvelle, dass hien erëm sange kéint.
Den U2-Frontman Bono wäert de Rescht vun der Europa-Tour weider sange kënnen. Dat sot de Sänger, nodeems en zu Berlin no e puer Lidder de Concert huet missen ofsoen.
Duerch de Virfall wousst een net, op de Rescht vun der Tour géing wieder goen. An engem Statement um spéide Sonnden Owend huet de Rock-Sänger dunn awer bekannt ginn, dass seng Stëmm sech vollstänneg erholl hätt an d'Tour elo géing weidergoen.
Well d'Fans zu Berlin esou enttäuscht waren, wäert d'Band um Enn vun der Tour, den 13. November, zeréck op Berlin kommen an den ofgesote Concert nohuelen.
De Statement wäert och d'Spectateure vun den nächste Concerten berouegen. Hiren nächsten Optrëtt ass en Dënschden zu Köln, éier et da weider a Frankräich, Portugal, Spuenien, Dänemark, Holland, Italien, England an Irland geet.