Am Oktober soll den Album erauskommen, no 8 Joer Paus an ouni D'Frontfra Fergie. Elo scho gouf déi éischt Single verëffentlecht, mat engem klore Message.

Mat der LP "The Beginning" sinn d'Black Eyed Peas virun 8 Joer on Tour gaang, duerno war Schluss. D'Auszäit gouf genotzt fir d'Famill a fir déi eege Carrière virun ze dreiwen, ier ee sech 2017 nees zesummegesat huet, fir un engem neien Album ze schaffen. Release-Datum vu "Masters Of The Sun" ass den 12. Oktober.

Ma nach ier et souwäit ass, koum als Avant-Goût d'Single "Big Love" inklusive Video eraus. Do gi virun allem déi negativ Suitte vum erlaabten US-Waffegesetz an dem Donald Trump seng Mesure, Migrantefamilljen un der mexikanescher Grenz ze trennen, thematiséiert.