D'Raimlechkeete gi virun allem genotzt, fir deene Jonken tëscht 12 a 26 Joer kreativ Workshoppen unzebidden.

Lancéiert an ënnerstëtzt gëtt de Projet Hariko zënter 3 Joer vun der Croix-Rouge.

Déi nei Raimlechkeeten an der Rue de l’Eglise hunn eng Gréisst vu ronn 60 Metercarré. Dat sinn ee grousse Sall fir Workshoppen, een Tounstudio an ee Museksraum. Atelieren, wou déi Jonk tëscht 12 a 26 Joer ënnert anerem d’Musek, de Graffiti an d’Zeechne méi no bruecht kréien. Bei der Aweiung, wou eng sëlleche Jonker präsent waren, gouf dann och kräfteg gefeiert, well d’Freed riseg war. Nieft deene Responsabelen, waren ënnert anerem och Leit aus dem Escher Gemengerot präsent. Ugebuede ginn d’Atelieren am Hariko vun Artisten. Ee vun hinnen ass de Keith Jordan, deen de Jonken am Tounstudio hëlleft.

Am Kader vun der Aweiung kruten déi intresséiert Leit e Virgeschmaach wat am Hariko offréiert gëtt. Mat den Ateliere wëll een déi Jonk zesumme bréngen, esou wéi hir Kreativitéit stimuléieren a fërderen.

D’Zil vum Projet Hariko ass et awer och d’Integratioun vun deene Jonken ze stäerken an d’Toleranz nach méi ze promouvéieren. Den Austausch tëscht den Artisten an deene Jonke wier dann och e wichtegen Aspekt, esou déi Responsabel.

273 nei Jonker huet den Hariko zejoert fir d’Workshoppe motivéiert. Ugebuede goufen eng ronn 800 Atelieren a 24 artistesche Beräicher. Den Hariko zu Esch ass iwwregens vun dënschdes bis samschdes vu 15 Auer mëttes bis owes 20 Auer op. D’Raimlechkeeten an der Rue de l’Eglise sinn den Ament awer just provisoresch. An Zukunft wäert den Hariko an d'Escher Friddensgeriicht plënneren.