American Music Awards
Taylor Swift bescht Kënschtlerin, beschten Album a bescht Tournée

© AFP
Zu Los Angeles goufen an der Nuecht op e Mëttwoch d’American Music Awards verginn.
D'Taylor Swift an déi kubanesch Nowuess-Sängerin Camila Cabello hu beim renomméierte Musek-Präis am meeschten ofgeraumt.
Déi 28 Joer al Musekerin Taylor Swift ass als Kënschtlerin vum Joer ervirgaang an huet sech géint Drake, Imagine Dragons an den Ed Sheeran duerchgesat. Donieft gouf et eng Auszeechnung fir de de beschte Rock/Pop-Album, fir d'Tournée vum Joer an och als beschte Rock-Pop-Kënschtlerin
Och déi verstuerwen Soul-Diva Aretha Franklin gouf posthum geéiert.
Zanter 1973 ginn déi sougenannten AMA’s elo scho verginn.
Am meeschte gelies