De Cédric Steinmyller an de Jérôme Louis Robert Fagnet maache Musek zesummen.

Net déi ganzen Zäit awer well mat hire respektive Solokarriären hunn déi 2 Fransouse schonn zimlech vill ze dinn. De Cédric kennt ee besser ënnert dem Numm Klingande an duerch den Hit Jubel. De Jérôme nennt sech Broken Back, gëtt de klenge Prënz vun der elektronescher Musek a Frankräich genannt, huet déi lescht Joer ronn 250 Concerte gespillt a war och schonn zu Lëtzebuerg fir de Rockafield 2016. Déi 2 Produzenten aus dem Hexagon hate schonn 2015 d'Single RIVA (Restart The Game) zesummen erausbruecht déi bis haut op ronn 80 Millioune Klicks am Internet kënnt.

Mat Wonders geet d'Geschicht vun den 2 Artiste weider a beweisen datt se stilistesche Spagat tëscht hire perséinlechen a musikaleschen Handschrëften hi kruten.