No de Strapaze vu bal 12 Méint op Tournee, wëllt d'Katy Perry sech aus dem Musekbusiness zeréckzéien...

Net fir ëmmer, mä et ass déi éischte Kéier an der 10 Joer laanger Karriär datt déi amerikanesch Sängerin sou e Schrëtt ukënnegt. Am Interview mam US-Magazin "Footwear News" schwätzt d'Katy Perry vun chillen an datt net direkt eng nei Plack opgeholl gëtt.

Trotzdem betount d'Katy datt Musek e wichtegen Deel vun hirem Liewe bleift an datt et nach ëmmer Spaass mécht Lidder ze schreiwen, mä haut géing Si sech wéi eng Kënschtlerin fillen déi net d'Gefill huet eppes beweisen ze mussen. A wat mécht e Superstar während sou enger Paus? Sech zum Beispill ëm de Partner këmmeren, deen heescht iwwregens Orlando Bloom, mat deem d'Katy Enn September zesummen um Rouden Teppech vun engem Event zu Monte Carlo stoung. D'Koppel war 2017 ausernee gaangen, lo brauch also kee méi ze roden ob se nach zesumme sinn oder net.