D'lescht Joer am Mee, den 18., huet sech de Chris Cornell d'Liewe geholl.

De Sänger vu Gruppe wéi Soundgarden an Audioslave war en Deel vun der Grunge-Zeen; aus där och Nirvana, Stone Temple Pilots, Alice In Chains a Pearl Jam ervirgaange sinn, an déi hat hire Kär op der amerikanescher Westküst zu Seattle

Do, direkt nieft dem Museum of Pop Culture, gouf de leschte Weekend eng Statu vum Chris Cornell devoiléiert. Dem Chris Cornell seng Wittfra, d'Vicky, hat de Kënschtler Nick Marra beoptragt, eng Statu aus Bronze vun hirem verstuerwene Mann ze maachen. E Sonnden hu während enger klenger Zeremonie déi 3 Duechteren vum Sänger d'Konschtwierk dem Public presentéiert, et gesäit een de Chris Cornell, 1. zu 1., mat laangen Hoer, enger Gibson-Gittar, den typesche Stiwwele fir de Sänger an der Beweegung déi ee mécht ier een d'Säite gräift. Seng Wittfra huet bei dëser Zeremonie gemengt hire Mann wier d'Stëmm vun enger Generatioun gewiescht an e Kënschtler deen eis och haut nach méi no zesumme bréngt.