Michael Bublé zitt awer kee Schlussstréch

© Reprise Records
Hien ass charmant, huet Stil an ass praktesch ni negativ opgefall... An dat soll och esou bleiwen!
De kanadesch-italieneschen Jazz-Sänger Michael Bublé bréngt den nächste Mount, de 16. November den Album Love eraus. Fir den Entertainer soll et dee leschten Album sinn.
Der britescher Zeitung "Daily Mail" no géif de Michael e Schlussstréch ënnert seng Karriär zéien. Ma wéi de Michael Bublé dem US-Radiosender SiriusXM géigeniwwer elo sot, géif dat net Stëmmen an hie géif sech net aus dem Show-Business zeréckzéien.
Wéi et heescht soll d'"Daily Mail", déi jo eng Boulevard-Zeitung ass, net präziséiert hunn, dass dat ganzt kloer als Witz geduecht war an och esou gesot gouf, esou d'Management vum Bublé.