Leider Geil, Arbeit Nervt, Krawall & Remmidemmi, Niveau Weshalb Warum... Den Univers vun Deichkind muss een net verstoen oder gutt fannen...

Trotzdem muss een zouginn datt d'Grupp zimlech vill Succès hat, och hei am Land et erënnert ee sech nach un de Concerten um Rockafield an zu Esch an der Rockhal. Traureg Nouvelle fir d'Fans; de Sascha Reimann aka Ferris MC huet bei Deichkind opgehalen, d'Grupp huet dat gëschter matgedeelt.

Wéi et heescht wëllt de Ferris MC sech op seng Solokarriär konzentréieren, d'Grupp, dat sinn elo nach de Philipp Grütering aka Kryptik Joe a Sebastian Dürre aka Porky, wëllt awer eegenen Aussoe weidermaachen....#schonnerëmtraureg