Mat Egypt Station huet den Ex-Beatle der ganzer Welt bewisen datt de Sir et nach drop huet.

Nummer 1. Album an de States an och Däitschland an d'Videoen; sensationell. Bei Fuh You gesäit een e Bouf deen duerch eng Stad leeft an d'Lidd fir de Paul McCartney séngt. Fir Come On To Me, wat u sech scho virun Fuh You am Juni ausgekoppelt gi war, ass de Video ähnlech opgebaut. Hei ass et kee Bouf mä de Fred, e Security Officer vun engem Shoppingzenter, deen d'Lidd net nëmme séngt mä och eng brillant Danznummer aus Come On To Me. Mam Hashtag #COTMChallenge dierfen d'Leit dann elo an de sozialen Netzwierker probéiere sou gutt wéi de Fred ze danzen. #twothumbsup#paulmccartneyrocks

Hei ass d'Versioun mam Ali

A kuck do d'Elsa kann och danzen