Knapp 1 Joer, nodeems si hiert lescht Lidd erausbruecht hunn, gëtt et eng nei Single vun der Lëtzebuerger Band Austinn.

Nodeems déi jonk Band mat hiren zwee Lidder "Galaxy" an "Answer Your Phone" nawell uerdentlech op sech opmierksam gemaach hunn, ware si op ville Festivals an och op e puer Tournéeën. Ma déi erfollegräich Band huet do och missen déi aner Säit vun der Medail kenneléieren.

De Sänger Jimmy Braun ass déi Zäit nämlech um Burn-out-Syndrom erkrankt, wat gläichzäiteg fir eng länger Paus gesuergt huet. "Et ass mir alles ze vill ginn. Ech konnt vun engem gewëssenen Zäitpunkt un net méi esou weidermaachen. Physesch, wéi mental, ass näischt méi gaangen. Ech war an engem Lach ukomm.", esou de Jimmy Braun iwwer déi schwéier Zäit.

Zesummen huet een dowéinst am Januar beschloss, fir de Stecker ze zéien an eng Paus anzeleeën. D´Gesondheet war deen Ament méi wichteg an esou goufen och zwou Tournéeën duerch Groussbritannien ofgesot.

Deen Ament war net gewosst, wéi et géing virugoen, ma elo, 10 Méint méi spéit ass Austinn nei-forméiert zeréck. Den Duo Jimmy Braun an David Marx maachen an hirem neie Lidd "Rush" drop opmierksam, dass hautzedaags alles immens séier geet an der Gesellschaft an dass, wann et engem ze vill gëtt, dass een dann einfach soll Kopfhörer opsetzen a Musek lauschteren. De Jimmy Braun ënnersträicht, dass dës Aart a Weis him an der schwéierer Zäit vill gehollef huet.

"Rush" ass vum Jimmy Braun a sengem eegen Studio produzéiert ginn a suergt esou fir eng authentesch Nout.

Dat neit Lidd vun Austinn mécht Loscht op méi an et kann ee gespaant sinn, wéi et mat der Lëtzebuerger Band virugeet.