Et ginn nei Gruppe gesicht

Den Newcomer Band Contest Rock The South geet an déi 10. Ronn.
Samschdes de 15. Dezember 2018 invitéiert d'Gemeng Péiteng, zesumme mat hire Partner, an den Home St. Hubert op Péiteng fir deen 10. Rock The South. Duerch dëse Contest hu Gruppe wéi Lost In Pain, Tuys, District 7 an The Kooters konnte Fouss an der nationaler Musekszeen faassen. Éischte Präis fir d'Newcomer-Band; e Rocklab-Package am Wäert vun 1000 Euro (do gëtt d'Grupp professionell encadréiert) plus eng Session am Studio AUDEO zu Lamadeleine. Natierlech däerf de Gewënner vun dësem Joer och d'nächst Joer bei Rock The South optrieden, dëst Joer ass dat iwwregens Fallen Lies, nieft hinne weisen awer och Irina wat se drop hunn.
Nach bis den 30. November hunn d'Newcomer-Bands elo Zäit fir sech fir d'Editioun 2018 unzemellen.
. Allerdéngs muss dës Konditiounen erfëllt sinn; de Concours ass fir Amateuren, de Gros vun de Museker aus der Grupp muss am Grand-Duché wunnen, d'Museker mussen wéinstens 15 Joer al sinn, den Duerchschnëttsalter net iwwer 25 Joer leien, d'Participatioun ass gratis an d'Lidder déi virgedroe ginn, dierfen op kee Fall homophobe, rassischtesch oder sexistesch sinn. Déi 5 Gruppen déi et bis an d'"Finall" packen, kréien all Kéiers 30 Minutte fir sech dem Jury an dem Public ze presentéieren. Dat ganzt bei fräiem Entrée.