Strysles - Power Of Life

Dëse Freiden (26.10.2018) presentéiert Strysles hiren éischte Longplayer an der Rockbox a Clausen.
No der EP Tic Tac 2016 an der Single Break The Silence 2017 war et fir Strysles un der Zäit e Longplayer opzehuelen. D'Lëtzebuerger Rockband mat der Frontfra Elena, aus Mazedonien, feiert de Release vu Power of Life dëse Freiden an der Rockbox dat zesumme mat der Singer-Songwriterin
a
, de Projet vum Open Seas-Batteur Pierre Bihl.
8 Lidder hunn et op Power Of Life gepackt; vu rockegem Uptempo bis bei d'Ballade geet et queesch duerch de Gefills- a Museksmaart, beim Titelsong komme souguer e Piano a Sträicher an den Asaz.
Déi éischt Single Rock 'n' Roll, den Numm ass Programm, suergt fir gutt Laun an erzielt iwwert de Spaass deen d'Grupp huet, éischtens wa se Musek maachen an zweetens wa se gudde Béier vun Heiheem degustéieren.
Déi offiziell Release-Party vu Power Of Life vu Strysles ass dëse Freiden (26/10/2018) an der
a Clausen. Et geet um 20:30 lass an den Entrée ass fräi...... Party On
Den nächste Concert vu Strysles ass e Mëttwoch 31. Oktober an der
zu Esch.