"verréckte Kiermes" - 10. Editioun vum PICelectroNIC
Et brauch een net ëmmer e richtegt Instrument, fir Musek ze maachen – dat weist den Hans Beckers op der 10. Editioun vum Picelectronic.
Hie benotzt dofir sougenannt Klopotecen. Eng Zort Wandmillen aus Slowenien, déi duerch hiert Klapper-Geräisch d’Villercher vun de Wéngerten soll ewechhalen. Dem Hans Beckers senger Meenung no kéint ee mat all Objet Musek maachen, et hänkt just vun der eegener Perceptioun vu Geräischer a Musek of. Am Musizéiere kënne sech och déi Kleng versichen. A verschiddenen Installatiounen kënne si selwer aktiv ginn an d’Musek fir sech entdecken.
D’Thema vun dëser 10. Editioun ass "verréckte Kiermes", esou dass puer Programm-Punkten un d’Kiermes erënneren awer nei opgeluecht sinn, erkläert d’Laura Graser, Responsabel fir d’Programmatioun an de Rotonden. An dozou gehéiert och d’Fitness-Fouer. D’Elteren drécken an d’Pedallen, an d’Kanner genéissen hir Zäit um Spill.
E Sonndeg ass de leschten Dag vum Festival. Vun 10 Auer moies u kann ee sech déi verschidden Atelieren, Installatiounen a Concerten ukucke goen. Méi Informatiounen dozou ginn et op www.rotondes.lu.