Musekswelt an Trauer
Jazz-Trompettist Roy Hargrove am Alter vun nëmmen 49 Joer gestuerwen

De Grammy-Gewënner Roy Hargrove ass um Freideg zu New York un de Komplikatioune vun enger Nieren-Krankheet gestuerwen.
Dat huet säi laangjärege Manager Larry Clothier um Samschdeg op Facebook matgedeelt.
De gebiertege Texaner huet op der Musekshéichschoul zu Dallas studéiert, wéi e vum legendäre Trompettist Wynton Marsalis entdeckt gouf.
Gefërdert vum Marsalis, ass hien no sengem Ofschloss op sëllechen Jazz-Festivaller duerch Europa gereest a konnt sech scho ganz jonk en Numm als zäitgenësseschen Jazz-Trompettist maachen.
De Roy Hargrove huet mat enger Rei Jazz-Gréisste wéi Marsalis, Herbie Hancock, Hoe Henderson oder Joshua Redman Lidder opgeholl a gouf mat 2 Grammien ausgezeechent.
Am meeschte gelies