Gëschter Owend war Halli Galli zu Bilbao; Museker aus der ganzer Welt si bei den MTV Europe Music Awards ausgezeechent ginn.

Et war fir déi 3. Kéier datt dës Show a Spuenien war. Grouss Gewënnerin; d'Camila Cabello. Déi kubanesch-amerikanesch Sängerin war 6 mol nominéiert a ka sech a 4 Kategorie behaapten, dorënner Best Video, Best Song a Best Artist; souzesoen d'Kinneksdisziplinne bei den EMAs. Wann ee vun de Gewënner schwätzt, dierf ee sécherlech och d'Verléier ernimmen zu deenen dës Kéier de Post Malone an d'Ariana Grande zielen. Dës 2 Artiste waren all Kéiers 5 mol nominéiert, kruten awer net een Award iwwerreecht, et gi bestëmmt méi schlëmm Saachen am Liewen.

D'MTV Europe Music Awards waren dëst Joer den Héichpunkt vun der MTV Music Week mat ville Concerte vun zum Beispill Muse a Crystal Fighters. Duerch den Owend huet dat 21 Joer aalt HaileeSteinfeld gefouert, kennt een ënner anerem duerch Capital Letters a stoung souguer selwer op der Bühn fir den Titel Back To Life zum Beschten ze ginn. Apropos Bühn an Optrëtt; eng helle Wull Artisten hate sech ugemellt fir Musek Live ze presentéieren; Muse hunn hir aktuell Single Pressure gespillt, den JasonDerulo huet sech mam DavidGuetta d'Bühn gedeelt, de Marshmello hat d'Anne-Marie a Bastille matbruecht, d'JanetJackson huet Made For Now gesongen an de Best Alternative Act bei dësen MTV Europe Music Awards, Panic At The Disco, huet deen aktuell Hit High Hopes virgedroen.

Presentéiert goufen déi eenzel Kategorie vu Leit wéi Dua Lipa, Lindsay Lohan an Ashlee Simpson. Nach 3 Kategorien erausgepickt, well se eis Nopere sinn; Best German Act geet un de Mike Singer deen nach d'lescht Woch am Atelier gespillt huet, Best Belgian Act ass fir Dimitri Vegas & Like Mike a Best French Act ass fir den Duo BigFlo & Oli.