Knapps e Joer no der éischter EP Let It Go ass de Weekend déi fonkelnei Single vu Bye Bye Bay erauskomm.

De Pierre Bihl, lieft a Frankräich a schafft hei zu Lëtzebuerg, war bei Open Seas op der Batterie an huet lo zënter knapp engem Joer säin eegene Projet Bye Bye Bay. E Projet dee sech dem typesche Singer/Songwriter verschriwwen huet, mat engem Touch Pop. Déi nei Single It's All About Love ass zënter dem 4. November op all de grousse Plattformen am Internet ze kréien.

It's All About Love eng Pop-Ballade mat akustescher Gittar, verspilltem Rhythmus an engem Refrain dee sëtzt, déi den Hierscht begréisse soll an eis duerch de Wanter hëllefen. Da loosse mir den Hierscht einfach mol kommen, mat e bësse Léift.