E Freideg an e Samschdeg ass den Electropia-Festival an der Lux Expo The Box. 14 international DJe si mat dobäi, ënnert anerem och den Afrojack.

An den nächsten Deeg ass déi 1. Editioun vum Electropia an der Lux Expo The Box um Kierchbierg. Fir d'Organisateuren eng Erausfuerderung ëmmerhi ginn eng 3.000 Fans vun der elektrescher Musek erwaart.

Nieft dem DJ Afrojack e Freideg den Owend an dem DJ Claptone e Samschdeg sinn déi 2 Deeg nach Lvndscape, WolfPack, R3hab, Juicy M, Aka aka a Beatamines a Matchy mat vun der Partie.

Bei de Kollege vum RTL Today kënnt Dir 2 Koppelen-Tickete fir déi 2 Deeg gewannen.