Nei Musek Made Heiheem
Engeldinger - Born & Raised

D'Format Singer/Songwriter hei zu Lëtzebuerg ass ëm ee Kënschtler méi räich.
De 7. November huet den Alex Engeldinger seng Debutsingle Born & Raised erausbruecht.
Den Alex ass an zwee Länner doheem, Lëtzebuerg a Schwäiz nennt hie seng Heemecht, a verschafft a senger Musek dëse Mix an engem neien Zyklus. Gedriwwe vu sengen Experienzen huet hie sech fir seng Musek op seng akustesch Originne besënnt an interpretéiert seng eege Geschicht nei.
Born & Raised ass zu Köln beim Maxim Losch, opgeholl, gemixt a gemastert ginn. Fir de Video ass de Lëtzebuerger Sam Flammang zoustänneg.
Hei nach e puer aner Produktioun vum Engeldinger.
Am meeschte gelies