D'Jonge vu Fox, also Mad Fox, si richteg fläisseg an hu sech fir 2019 souguer nach méi vill virgeholl.

Eent nom aneren; Mad Fox hunn eng nei Single.

Bubble.

De Prozess vun der Kreatioun vun hire Lidder, huet d'Lëtzebuerger Grupp komplett op de Kapp gestallt; déi nei Lidder entsti wuel am Proufsall, ginn duerno am Studio awer erëm komplett ausernee geholl, deels och nei arrangéiert a frësch produzéiert, u sech eppes wat een aus der Produktioun vum Hip Hop kennt, wat also net typesch fir eng Rockband ass. Bubble ass en éischt Resultat vu dëser Prozedur. Fir 2019 wëllt Mad Fox déi Manéier fir Lidder ze maachen, nach e puer mol widderhuelen, en plus sinn och eng Rëtsch Concerten an Optrëtter geplangt. Et dierf ee sech freeën.